US-Walen: 1. Etapp - Kalifornien - San Francisco (3)Firwat ass Kalifornien een demokratesche Staat?

Annick Goerens
Firwat ass Kalifornien esou een déif-bloen demokratesche Bundesstaat? Firwat ticken d'Leit am Golden State anescht wéi an den aneren US-Staaten?
© Annick Goerens / RTL

A ginn et wierklech raisonnabel “gutt” Grënn, fir dem Donald Trump seng Stëmm ze ginn? D’Annick Goerens ass fir eis an den USA ënnerwee.

Zu San Francisco sinn ech dem Adam Braus iwwer de Wee gelaf. Hien ass Professer fir Informatik op der “Dominican University of California”. Zanter den 90er Joren huet Kalifornien - ouni Ënnerbriechung - ëmmer fir een demokratesche President gestëmmt. Dat géing ënner anerem och doru leien, dass sech “Big Tech”, also déi grouss Technologie-Firme ronderëm de Silicon Valley néiergelooss hunn an immens vill héich diploméiert Employéen unzéien, déi éischter progressiv a liberal agestallt sinn.

“Kalifornien huet als eenzele Bundesstaat déi véiertgréisst Ekonomie vun der Welt an huet grad déi däitsch Wirtschaft iwwerholl. Et ass also ee risege Motor a puncto: Sue generéieren, Saache bauen an natierlech Technologie. Wann een et aus engem historesche Bléckwénkel wëll kucken, da muss ee soen, dass et d’Leit ëmmer an de Weste gezunn huet [ugefaangen hat et mam Gold, ndlr.] an dass just déi ganz ambitiéis et bis heihi gepackt hunn. Kalifornien ass also voller Leit mat Pionéier-Mentalitéit.”

Den Adam Braus erkläert, firwat Kalifornien esou een demokratesche Staat ass
Zanter den 90er Joren huet Kalifornien - ouni Ënnerbriechung - ëmmer fir een demokratesche President gestëmmt.


D’Technologie-Industrie generéiert Milliarden an huet een enorme Pouvoir - och op d’Politik. A grad do fänkt sech de Wand un ze dréinen.

“National gekuckt, ass Kalifornien natierlech ganz progressiv, ganz besonnesch, wat sozial Froen ugeet. Frae-Rechter, Rechter fir Homosexueller, d’Legaliséiere vum Cannabis asw. Mee wann et ëm ekonomesch Froe geet, si se éischter méi moderat agestallt. D’Kalifornier hätte gär méi niddereg Steieren, wat éischter eng Fuerderung vun der méi riets-konservativer Politik ass. Kalifornier wëllen ebe gär manner Steieren, well et e Business-orientéierte Staat ass.”

Natierlech ginn et och an Kalifornien Republikaner. 2020 hunn iwwer 30 Prozent fir den Donald Trump gestëmmt. Den Adam Braus kann dat gutt novollzéien.

“Ech spille mol den Avocat du diable. Hien ass den éischte President zanter 40 Joer deen den neo-liberale Konsens bekämpft. Vum Reagan, iwwer d’Clintons bis bei den Obama waren all d’Presidenten, egal ob riets oder lénks, se waren all neo-liberal. Si hunn all op d’Globalisatioun gesat, op Immigratioun a si hunn alleguer Kricher gefouert a souguer Kricher ugefaangen. An den Donald Trump representéiert wierklech de Géigendeel dovunner. Hien huet kee Krich ugefaange wéi all anere President virun him. Hien huet mam Krich am Afghanistan opgehalen. Hien huet d’Importsteier op Produiten aus China eropgesat. Hien huet d’Immigratioun gestoppt. Dat ass e risege politeschen Ënnerscheed tëscht him an anere Presidenten.”

Aktuell leien d’Kamala Harris an den Donald Trump an de Sondagen uechter d’Swing States ganz no uneneen. An dofir wier et schwéier ze soen, wéi dës Course ausgeet. Fir den Adam Braus ass et allerdéngs scho kloer. Hie berifft sech op de Wett-Marché an do steet et aktuell 55 Prozent Pro-Trump.

US-Walen: 1. Etapp - Kalifornien (1): D’Jill Kries erkläert eis wéi de Sunshine State politesch tickt US-Walen: 1. Etapp - Kalifornien (2): Wat läit den Amerikaner uewen a wéi gesi si sech selwer?

Back to Top
CIM LOGO