No Schëss op Charlie KirkFotoen a Video vu presuméiertem Täter opgedaucht

RTL Lëtzebuerg
Den FBI huet eng Foto vun engem Mann publizéiert, dee si als "Person of interest" am Mordfall vum Trump-Supporter Kirk bezeechnen. E Video gëtt et och elo.
Presuméierten Attentäter op der Flucht
A man is seen fleeing the scene at Utah University.

Virun der Publikatioun vun der Foto hunn d’Enquêteure vum FBI matgedeelt, datt ee wuel d’Waff fonnt hätt, mat där en Täter den US-amerikaneschen Aktivist Charlie Kirk erschoss soll hunn. Den zoustännegen FBI-Agent huet gesot, dass et sech ëm en Héichleeschtungsgewier handelt, dat fir d’Juegd op grousst Wëld oder vu Sniper vum Militär agesat gëtt. Well een d’Waff fonnt huet, konnt ee presuméiert Fouss- an Hand-Ofdréck vum Verdächtege analyséieren.

Et géif sech den Enquêten no ëm en Eenzel-Täter am Studentenalter handelen. Vun deem géif et och Biller ginn, déi den FBI kuerz drop verëffentlecht huet. D’Fotoe weisen e Mann, deen eng Kap unhuet, en donkele Brëll an Alldagskleeder. Den FBI freet d’Populatioun ëm Hëllef, fir d’Persoun, déi eppes mat den déidleche Schëss kéint ze dinn hunn, ze identifizéieren. Well dëst war den Enquêteure bis dohin nach net gelongen.

Den Täter soll vun engem Daach vun engem Gebai aus op eng Distanz vun 180 Meter op de konservative Podcaster geschoss hunn, wärend deen eng Ried op engem Uni-Campus am US-Bundesstaat Utah gehalen hat. D’Affer gouf déidlech um Hals blesséiert.

Duerno wär den Täter an d’Noperschaft geflücht, déi elo duerchsicht gëtt, esou den FBI.

Back to Top
CIM LOGO