
E Samschdeg hunn déi sougenannten Human-Challenge-Analysen ugefaangen, dat huet de brittesche Gesondheetsministère confirméiert. Et ass der brittescher Regierung no déi éischt Etüd weltwäit, bei där Mënsche gezielt mam Sars-Cov-2 infizéiert ginn. D’Method ass awer och aus ethesche Grënn ëmstridden.
Beim brittesche Projet gi jonk a gesond Leit ausgewielt, déi e klenge Risiko hunn, schwéier um Covid z’erkranken. Si sollen als éischt déi geréngst méiglech Dosis vu Vire kréien, mat deenen eng Infektioun méiglech ass. D’Fuerscher hoffen doduerch erauszefannen, wéi d’Entwécklung vun de Vaccinen an d’Behandlung géint de Covid verbessert a méi séier gemaach kënne ginn.
An dëser Etüd gëtt déi Virus-Variant benotzt, déi virun engem Joer fir d’éischte Kéier opgetrueden ass, an net déi sougenannte brittesch Variant B 1.1.7., déi däitlech méi infektiéis an och méi geféierlech ass.