
De President Emmanuel Macron huet a senger Neijoerschusprooch versprach, datt hie keng net-justifiéiert Lenteur sech géif installéiere loossen. A Frankräich si bis ewell nëmmen eppes méi wéi wéi 300 Persounen géint de Covid-19 geimpft ginn. Dat sinn der manner wéi zu Lëtzebuerg.
A Frankräich gëtt d’Ausgangsspär um 2. Januar a 15 Departementer op 18 Auer no vir gezunn. Dorënner och heifir am Departement Meurthe-et-Moselle hannert der Grenz. Déi nei Mesure, sou heescht et, kéint am ganze Land applizéiert ginn wa sech d’Situatioun verschlëmmert