
Dat huet de Porte-parole vun der franséischer Regierung Gabriel Attal e Freideg op TF1 annoncéiert.
Déi concernéiert Departementer sinn: Hautes-Alpes, Alpes-Maritimes, Ardennes, Doubs, Jura, Marne, Haute-Marne, Meurthe-et-Moselle, Meuse, Haute-Saône, Vosges, Territoire de Belfort, Moselle, Nièvre a Saône-et-Loire.
Dëse Weekend soll awer nach eng grouss Toleranz gëllen, well vill Leit aus der Vakanz zeréckkommen, dat huet de Gabriel Attal nach präziséiert.
Fënnef Departementer, déi am Virfeld genannt gi waren, stinn um Enn net op der definitiver Lëscht. An den Departementer Aube, Haut-Rhin, Yonne, Allier an Ardèche gëllt domadder weiderhin de Couvre-feu vun 20 Auer un.
