Sécherheetskonferenz eriwwerFrankräich liwwert Panzeren, China proposéiert Friddensverhandlungen

RTL Lëtzebuerg
Den Haaptmessage war deen, dass d'Militärdepensen an Europa sollen erhéicht ginn, fir notamment och der Ukrain kënnen ze hëllefen.

D’EU-Staate solle Suen zur Verfügung stellen, fir zesummen a méi grousse Quantitéiten Munitioun kënnen ze kafen.

Doriwwer eraus huet Frankräich ugekënnegt, liicht Kampfpanzer un d’Ukrain ze liwweren. De franséische Verdeedegungsministère wollt awer net verroden, ëm wéi vill Panzer et sech handelt. Déi strategesch Informatioun wéilt ee Russland net ginn. Enn nächster Woch wëll eist Nopeschland mat de Liwwerungen ufänken.

Vu China koum par conter op der Sécherheetskonferenz d’Propositioun vu Friddensverhandlungen. Déi däitsch Ausseministesch Annalena Baerbock hat dat begréisst, mee awer och betount, dass de Fridden net op Käschte vun ukrainesche Gebidder dierft goen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO