
Et ass vläicht eng lescht Chance, fir e Lockdown ze verhënneren, sot de Premier Jean Castex e Freideg am Elysée. Do war e Freideg den Owend e Conseil, an deem et ëm déi sanitär Situatioun goung a wou natierlech och de President Emmanuel Macron dobäi war.
Deemno gëllt vun e Sonndeg un d’Reegel, dass d’Arees wéi och d’Ausrees a Länner baussent der EU-Staategemeinschaft verbueden ass. Ausname soll et just bei engem valabele Grond ginn.
Och Butteker an Akafszentren, déi keng Liewensmëttel verkafen a méi wéi 20.000 Metercarré hunn, musse vun e Sonndeg den Owend un zoumaachen. D’Kontrolle gi verstäerkt an et muss nach méi vun Doheem aus geschafft ginn. D’Ausgangsspär gëllt all Dag vun 18 Auer un.
D’lescht Woch goufen et a Frankräich an der Moyenne all Dag 20.000 Neiinfektiounen an d’Indicateure weisen, datt de Coronavirus erëm méi zirkuléiert. An och Frankräich mécht sech speziell Suerge wéinst deenen neie Varianten, déi bekanntlech däitlech méi séier viruginn.
Däitschland probéiert mat méi strikte Reesrestriktioune Virusmutatiounen dobaussen ze halen. Vun e Samschdeg un ass d’Arees fir Persounen aus Groussbritannien, Irland, Portugal, Südafrika a Brasilien gréisstendeels verbueden. E Sonndeg kommen nach déi afrikanesch Staaten Lesotho an Eswatini, dat fréiert Swasiland, derbäi. Ausname gëllen ënner anerem fir all däitsch Staatsbierger an auslännesch Residenten an Däitschland, den Transit an de Wuerentrafic.
Den däitschen Inneminister gesäit d’Mesure als absolut néideg, fir d’Populatioun ze schützen. Den Horst Seehofer huet anengems d’Leit opgeruff, op all net dréngend Rees an d’Ausland ze verzichten.
Zanter e Mëttwoch an nach bis op d’mannst den 1. Mäerz sinn och net-essentiell Deplacementer an an aus der Belsch eraus verbueden. Deemno duerf ee just mat guddem Grond an d’Belsch fueren. Dofir muss een deen Ament dann och en deementspriechende Formulaire ausfëllen. Wéi d’Belsch matgedeelt huet, géing een dat och streng kontrolléieren.