War dräi Wochen am PrisongFranséischen Ex-President Sarkozy bréngt Buch iwwer seng Inhaftéierung raus

RTL Lëtzebuerg
Zanter zwou Wochen ass den Nicolas Sarkozy net méi am Prisong, elo well hien e Buch iwwert seng dräi-Woche-laang Haft eraus.
© AFP/Archiv/JULIEN DE ROSA

Den 10. Dezember scho soll d’Buch mam Titel “Journal vun engem Prisonéier” an d’Butteker kommen. Et ass 216 Säite laang a wäert 20,90 Euro kaschten.

“Am Prisong gëtt d’Banneliewe gestäerkt, änlech wéi an der Wüüst”, schreift de Sarkozy um Kuerznoriichtendéngscht X. “Am Prisong gëtt et näischt ze gesinn an näischt ze dinn”, sou de Sarkozy weider, dee seng Langweil wärend senger Inhaftéierung offensichtlech mam Schreiwe bekämpft huet. Wat e vermësst hätt, wier d’Stëll gewiescht: “Et gëtt do leider stänneg Kaméidi”.

Eegener Ausso no hätt säin Affekot him viru sengem Prisongsopenthalt geroden, waarm Kleeder an Ouerestëpp matzehuelen, well et am Prisong kal an haart wier.

Enn September war den Nicolas Sarkozy an der Affär ëm illegal Walkampffinanzéierung aus Libyen wéinst Grënnung vun enger krimineller Vereenegung zu fënnef Joer Prisong verurteelt ginn. Seng Inhaftéierung den 21. Oktober hat landeswäit, mee och international fir vill Reaktioune gesuergt. Et war déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt e fréiere Staatschef vun engem EU-Land an de Prisong koum.

Seng insgesamt 20 Deeg Prisong huet de Sarkozy an enger néng Quadratmeter grousser Zell ouni Kontakt zu sengem Mat-Prisonéier verbruecht. Wéinst senger besonnescher Stellung gouf hien nonstop vun zwee zousätzleche Sécherheetsleit iwwerwaacht. D’Paräisser Appellsgeriicht hat eng Demande op eng fréizäiteg Entloossung vum Sarkozy aus dem Prisong accordéiert, allerdéngs ënner Oplagen. Den Ex-President däerf de franséische Justizminister Gerald Darmanin net kontaktéieren an och d’Land net verloossen. Den Appellsprozess soll am Mäerz ugoen.

Back to Top
CIM LOGO