Bleift als Onofhängegen am GemengerotTom Faber zitt sech aus Fraktioun "Engagéiert Bierger fir d’Gemeng Réiden" zeréck

Marlène Clement
Et ass net déi éischte Kéier, datt et zu Reiwereien am Réidener Gemengerot koum, un deenen den Tom Faber mat bedeelegt war.
De Gemengerot zu Réiden: Vir: Monique KUFFER, Danielle SIMON-ARENDT (1. Schäffen), Henri GEREKENS (Buergermeeschter), Jeff LISARELLI (2. Scheffen), Norbert NILLES, Monique BODEVIN-WOLSFELD a Jeanny VALENT-WELFRING. Hannen: Romain REDING, Lucien BUCARI, Luc PAULY an Tom FABER.
Den Tom Faber (2. vu riets) ass mat der Lëscht "Engagéiert Bierger fir d’Gemeng Réiden" an déi lescht Wale gaangen.
© RTL (Archiv)

De Réidener Gemengeconseiller Tom Faber zitt sech aus der Fraktioun "Engagéiert Bierger fir d’Gemeng Réiden" zeréck. Dat nodeems et an der leschter Gemengerotssëtzung virun dräi Deeg Diskussioune ginn hätt, schreift d'Gemeng Réiden e Sonndeg de Mëtten. Den Tom Faber wäert an Zukunft als onofhängege Member am Gemengerot sëtzen.

Scho virun e puer Joer gouf et Reiwereien am Réidener Gemengerot. Nodeems et zu engem Vertrauensbroch mam Buergermeeschter Henri Gerekens komm war, gouf den Tom Faber - deemools nach Schäffen - aus enger ganzer Rei Syndikater a Comitéë vun ASBLe vu sengen Funktiounen entbonnen. 2023 ass en du mat der neier Biergerlëscht "Engagéiert Bierger fir d’Gemeng Réiden" an d'Gemengewale gaangen.

D'Schreiwes vun der Gemeng Réiden

Back to Top
CIM LOGO