
D'Marie Schreiber kënnt mat 10 Sekonne Retard op déi 2. Plaz, iwwerdeems d'Zoe Backstedt op déi drëtte Plaz koum. D'Liv Wenzel huet sech als 50. klasséiert an d'Maité Barthels koum op déi 59. Plaz.
Resumé vun der Course
D'Marie Schreiber war beim Start direkt gutt fortkomm a konnt sech un d'Spëtzt setzen. Ma nach bannent den éischte 5 Minutte huet d'Lëtzebuerger Championne de Vëlo misse wiesselen, esou datt si op déi op 3. Plaz zeréckgefall ass.
Am drëtten Tour konnt sech dunn d'Italieenerin Casasola liicht vun hire Konkurrentinnen ofsetzen, iwwerdeems d'Marie Schreiber op der 6. Plaz hir Schwieregkeeten hat, den Uschloss un de Verfollgergrupp net ze verléieren.
D'Lëtzebuergerin huet awer weider op d'Zänn gebass an huet sech am 4. Tour lues a lues nees e bëssen no vir geschafft, esou datt si op der 4. Plaz an de leschten Tour gaangen ass, ronn 17 Sekonnen hannert der Leaderin Casasola.
Och an der Suite huet d'Marie Schreiber gewisen, datt si sech hir Reserve gutt agedeelt hat, well si ass der Spëtzt ëmmer méi no komm. Um Enn sollt et fir d'Victoire net ganz duergoen. D'Sara Casasola wënnt nämlech um Enn mat 10 Sekonnen Avance op d'Lëtzebuergerin. De Podium gouf komplettéiert vum Zoe Backstedt.