IsraelKoalitiounsgespréicher tëscht Eisenkot an Netanjahu ouni Resultat

RTL mat AFP
D'Gespréicher tëschent dem israeelesche Premier Netanjahu an dem Oppositiounsleader Eisenkot fir eng méiglech Koalitioun ginn ouni Resultat op en Enn.
© JACK GUEZ/AFP

De Gadi Eisenkot krut jo den Optrag eng Regierung ze bilden. Béid Säiten hätte sech beméit, hir Differenzen ze iwwerwannen, heescht et an enger gemeinsamer Erklärung dëse Sonndeg nom Treffen. Eng weider Entrevue gouf ofgesot, wéi israeelesch Medie mellen. Den Eisenkot soll dem Netanjahu kloer gemaach hunn, datt hien d'Parteien aus sengem Oppositiounsblock net wéilt am Stach loossen, just fir mam laangjärege Regierungschef eng Koalitioun anzegoen. Hien huet d'Likud awer agelueden, sech enger neier Regierung zu engem méi spéiden Zäitpunkt unzeschléissen, wann dëst gewollt wier.

Back to Top
CIM LOGO