
Zanter 2015 organiséieren d’G20-Memberstaaten all Joer e Landwirtschaftssommet, fir sech mat de Probleemer vun der Landwirtschaft auserneenzesetzen, déi vun der Wirtschaftskris ausgeléist goufen. D’Haapttheme vum Sommet dëst Joer sinn: d’Nohaltegkeet vun den agroalimentairë Systemer an d’Roll vun der Landwirtschaft géint den Honger an der Welt.
Natierlech wäert een an der Toskana awer och net laanscht een Theema kommen, dat déi lescht Méint villes dominéiert huet an zwar d’Konsequenze vun der Coronakris a wéi een am beschten an der Landwirtschaft domadder ëmgoe kann. D’G20-Landwirtschaftssommete gi vu Wëssenschaftler an Experten am Beräich vun der Landwirtschaft preparéiert.
Déi ganz Woch scho goufen vill gratis Evenementer fir jiddereen, an der Zesummenaarbecht mat der toskanescher Regioun an der Gemeng vu Florenz, organiséiert: fräien Accès a Muséeën an Expoen, Visite-guidéeën, Konferenze mat Experten an der Ekonomie an den Agrarwëssenschaften oder och Mäert, wéi de Biomaart op der Piazza Poggi.
Awer och Initiativen fir d’Klimabewosstsinn ze stäerken an eppes fir d’Ëmwelt ze maachen, wéi zum Beispill de Projet an alle Schoulen e Geméisgaart unzebauen oder nei Beiestäck ze bauen, gehéieren zum Kaderprogramm. En Deel gi bei der Abtei vu San Miniato al Monte ageweit, déi eréischt zanter Kuerzem (28. Juli 2021) an d’UNESCO-Lëscht vum Weltierwen opgeholl ginn ass. Am Kader vum Sommet hunn d’Awunner a d’Visiteure vu Florenz dann och d’Méiglechkeet, Produiten aus ganz Italien ze probéieren an ze kafen.
De Buergermeeschter vu Florenz de Mario Nardella betount, datt et elo de Moment wier fir Initiative géint d’Desertifikatioun, de Klimawiessel a géint d’Verbëtze vun alimentaire Ressourcen ze starten. Hien hofft, datt dëse G20-Sommet den Ufank vun enger méi grénger Ära vun der toskanescher Haaptstad gëtt.