
De koordinéierten Deblockage vu bis zu 100 Millioune Barrel soll direkt ufänken a vun der Internationaler Energieagence (IEA) organiséiert ginn.
Den US-President Donald Trump hat seng europäesch Partner opgefuerdert, hir Reserven ze notzen, fir d'Verbraucherpräisser ze drécken.
Hannergrond sinn déi an de leschte Wochen nees däitlech geklommen Pëtrolspräisser am Zesummenhang mam Iran-Krich an de Mid-Terms-Walen, déi den Trump net wéint deene wëll verléieren.
D'US-Regierung hat och mat engem méiglechen Exportstopp fir Diesel aus den USA gedreet.
D'Pëtrolspräisser waren e Freideg gefall, obschonn de Maart an Erwaardung war vun der Decisioun vum G7.
Bréissel begréisst de G7-Accord an d'Enn vun der Menace vun engem méiglechen US-Exportstopp.