Franséisch Pompjeeë mellenGasaustrëtt wéinst defekter Batterie am Carrefour zu Däitsch-Oth (Audun-le-Tiche)

Julie Thilges
Eng defekt Batterie un enger Botzmaschinn war den Ausléiser vun engem Pompjeesasaz. Eng Persoun koum an d'Spidol.
© Domingos Oliveira

Um Dënschdeg Moie koum d’Nouvelle, datt am Carrefour zu Audun-le-Tiche d'Pompjeeën hu mussen intervenéieren. Ëm 7 Auer moies war et 5 Aarbechter am Supermarché schlecht ginn — hinne war dronken an iwwelzeg.

Vun enger Botzmaschinn, déi op enger Plaz stoung, wou keng Ventilatioun war, ware Gasen ausgetrueden. Et gouf festgestallt, dass e Probleem mat enger Batterie an der Maschinn war, duerch déi déi gëfteg Gasen an d'Loft koumen.

© Domingos Oliveira

Bis 10:30 Auer ass de Carrefour zoubliwwen, 4 vun den Aarbechter sinn erëm amgaange mat schaffen, déi aner Persoun gouf an d'Spidol bruecht, well si gesondheetlech Probleemer mat der Ootmung huet. 

D'franséisch Pompjeeë waren en Dënschdeg de Moien op der Plaz, no zwou Stonne war d'Interventioun eriwwer. 

Back to Top
CIM LOGO