DänemarkGekeult Näerzer ginn exhuméiert a verbrannt

RTL Lëtzebuerg
Déi véier Milliounen Déieren, déi wéinst dem Coronavirus hu missten ëmbruecht ginn, ginn elo exhuméiert a verbrannt.
© AFP

Viru ronn engem Joer gouf festgestallt, datt d’Näerzer de Coronavirus och kënne kréien an op de Mënsch iwwerdroen. Dowéinst ware Milliounen Déieren ëmbruecht a vergruewe ginn. Duerch d’Gaser awer, déi déi doudeg Kierper produzéiert hunn, goufe se nees un d’Uewerfläch bruecht.

Elo sollen d’Kadaver a méi Etappen ausgegruewen a verbrannt ginn, dat mellt déi dänesch Noriichtenagence Ritzau. Déi ronn 4 Milliounen doudeg Näerzer, déi wéinst hirem Pelz gezillt goufen, weien iwwer 13.000 Tonnen.

Nieft dem entsuerge vun den Kadaver misst awer och de Buedem, an deem se begruewe goufen, ofgedroe ginn, well dësen eng Gerochsbelästegung fir d’Awunner kann duerstellen. Dofir sollen den Autoritéiten no d’Leit aktuell hir Fënsteren zouloossen a keng Gartepartye feieren, bis d’Aarbechten eriwwer sinn.

Wéi den ARD-Studio Stockholm mellt, géifen d’Kadaver vun den Déieren och d’Grondwaasser verseuchen. D’Awunner vun Norre Felding, engem Duerf am Westen vun Dänemark wären méi wéi frou. D’Griewer hätte gestonk an obwuel d’Kadaveren ee Meter ënnert der Äerd louchen, hätten d’Gase wéinst dem Faulen dofir gesuergt, dass se op e puer Plazen nees un d’Surface komm waren. En plus wär den Näerz-Kierfecht an der Géigend vun engem Séi fir dra schwammen ze goen an no u Waasserschutzgebidder.

Iwwerdeems huet d’EU-Kommissioun eng dänesch Reegelung accordéiert an der Héicht vun 1,7 Milliarden Euro, fir d’Ziichter vun Näerzen z’ënnerstëtzen. An och aner Betriber an der Pelz-Branche sollen ënnerstëtzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO