USAGesondheetsagence CDC warnt viru ganz villen Neiinfektiounen

RTL Lëtzebuerg
D'Chefin vun der CDC fäert nämlech eng honnertdausend Corona-Neiinfektioune pro Dag an den USA.
© AFP

Wann d’Land géing zesummestoen, Net-Geimpfter sech géingen impfe loossen an d’Mënschen hir Maske géingen undoen, kéint een d’Situatioun bannent wéinege Wochen ënner Kontroll bréngen, esou d’Rochelle Walensky géintiwwer CNN.

Eis Modeller weisen allerdéngs, datt mir, wa mir dat net maachen, op e puer 100.000 Fäll pro Dag komme kéinten - änlech wéi bei der Hausse Ufank Januar.

An enger Partie Bundesstaate wéi Florida géif et schonn eng exponentiell Hausse, esou d’Walensky. Et wier awer duerchaus ze bemierken, datt een an der Vergaangenheet bei esou héijen Infektiounszuelen däitlech méi Doudesfäll hat. Dëst wier en Effekt vun der Impfung. Bei sougenannten Impfduerchbréch wier de Krankheetsverlaf an der Reegel net all ze schlëmm. “Wat d’Impfung awer net kann, ass d’Iwwerdroung verhënneren”, sot d’CDC-Chefin mat Bléck op déi besonnesch ustiechend Delta-Variant.

Déi huet an den USA nämlech zu enger staarker Haussen vun den Neiinfektioune gefouert. Hir Zuel ass vu ronn 10.000 pro Dag am Juni op mëttlerweil bal 90.000 am Duerchschnëtt eropgaangen.

Back to Top
CIM LOGO