
De Gesondheetszoustand vum norwegesche Kinnek Harald V., deen zanter e puer Deeg am Spidol behandelt gëtt, huet sech dem kinnekleche Palais no verschlechtert. Wéi d'Kinnekshaus e Sonndegowend matgedeelt huet, gëtt den 89 Joer ale Monarch wéinst enger bakterieller Bluttinfektioun mat Antibiotik behandelt. De Kinnek, deen un enger Form vu Bluttaarmut leit, war e Méindeg an d'Klinick ageliwwert ginn.
Den norwegesche Staatschef ass zanter 1991 um Troun an ass deen eelsten nach liewende Monarch an Europa. An de leschte Jore war hie méi dacks mat Gesondheetsproblemer konfrontéiert. Sou ass hie schonn um Häerz operéiert ginn an hat och ëmmer nees mat Infektiounen un den Otemweeër ze kämpfen. Virun zwee Joer hat eng Infektioun dozou gefouert, datt hie sech fir ronn zwee Méint aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn hat.
Trotz sengem Alter an de Gesondheetsproblemer huet den Harald V. eng Ofdankung bis elo ausgeschloss. Hien huet erkläert, datt hien dem Parlament en Eed op Liewenszäit geschwuer hätt. Wann hien aus gesondheetleche Grënn seng Aufgaben net erfëlle kann, gëtt hie vu sengem Jong, dem 50 Joer ale Krounprënz Haakon, vertrueden.