
Zu Roum sinn e Samschdeg e puer Dausend Leit géint d’Corona-Politik vun der italienescher Regierung op d’Strooss gaangen, an dobäi deels zolidd mat de Forces de l’ordre unenee geroden. Protestéiert gouf an der Haaptsaach géint déi sougenannt 3G-Reegel, déi nächst Woch och op der Aarbechtsplaz wäert gëllen. Deemno muss all Employé noweise kënnen, dass e geimpft, geheelt oder negativ getest ass. D’Käschte fir en Test muss den Employé selwer iwwerhuelen.
Gläichzäiteg ginn awer och eng Rei Restriktiounen opgehuewen. Zum Beispill dierfe Kinoen, Theateren a Concertssäll erëm zu 100 Prozent ausgelaascht ginn.
De Ministerpresident Mario Draghi huet d’Gewalt vun den Demonstranten an Demonstrantinne verurteelt a betount, dass Gewerkschaften d’Garante vun der Demokratie an de Rechter vun de schaffende Leit sinn, an dass als Versuch si ënner Drock ze setze misst bestrooft ginn. Demonstrante haten e Samschdeg de Sëtz vun der gréisster italienescher Gewerkschaft gestiermt. Dobäi goufe Gardienen a Poliziste mat Bengelen a Fändelsstaangen attackéiert.
