Italien"Grénge Pass "gëtt Flicht, fir dierfe schaffen ze goen

RTL Lëtzebuerg
Als éischt Land an Europa schreift Italien alle Bierger eng Impfung, oder en negativen Test vir, fir däerfe schaffen ze goen.

D’Regierung ëm de Premier Mario Draghi huet decidéiert, de sougenannte “grénge Pass” auszedeenen.

Wee keen esou e Certificat huet, däerf vu Mëtt Oktober un net méi op d’Aarbecht, an e Bistro oder Restaurant, an e Buttek oder och an eng Verwaltung eran.

Mat där relativ secer Mesure sollen Impf-Géigner an Zweiweler awer nach ëmgestëmmt ginn, heescht et vu Roum.

75% vun allen Italiener iwwer 12 Joer si mëttlerweil fäerdeg geimpft – dat ass ee vun de bessere Vaccinatiouns-Tauxen an der EU.

Back to Top
CIM LOGO