PortugalGutt Impfcampagne an héijen Impftaux lackelt nach ëmmer Touristen un

RTL Lëtzebuerg
Virun engem Joer stoungen d'Ambulanzen zu Lissabon an der Schlaang, haut sinn et d'Touristen, déi an de Stied an un de Stränn ënnerwee sinn.
© AFP (Archiv)

Den Haaptgrond, datt Portugal aktuell esou gutt do steet a vill Touristen ulackelt, ass hir erfollegräich Impfcampagne. 98 Prozent vun de Leit a Portugal, déi méi wéi 12 Joer hunn, respektiv 86 Prozent vun der Gesamtpopulatioun si geimpft. E Grond dierft och sinn, datt d’Land lescht Joer geschockt war iwwert d’Zoustänn, datt virun de Spideeler d’Ambulanzen an der Schlaang stoungen, ma keng Patienten aus Mangel u Better konnten opgeholl ginn.

Ronn 10 Prozent vun der Populatioun hat sech mat Corona ugestach an d’Doudeszuele waren héich. Portugal huet doropshi gehandelt. D’Impfcampagne gouf vun engem Generol vum Militär duerchgefouert a genau esou war se och organiséiert.

Och aktuell leeft nach d’Campagne, mat de Booster-Impfungen respektiv och der Grippeimpfung. A well d’Zuele vun Neiinfektiounen an an de Spideeler sou niddreg sinn, geet de Paulo Morgado, Direkter vun de Gesondheetsautoritéiten, dovunner aus, datt ee keen neie Lockdown méi brauch.

Back to Top
CIM LOGO