
D'Partei vum ofgesate bosnesche Serbeleader Milorad Dodik huet bei de Walen a Bosnien-Herzegowina hir Muecht behale kënnen. Dat gëllt fir d'Deelrepublik Srpska an och de Staatspräsidium vum Zentralstaat. "Ech erklären, dass mir gewonnen hunn", sou den nationalisteschen Hardliner e Sonndeg viru Supporteren zu Banja Luka. Dobäi huet hie souwuel dem Donald Trump, wéi och dem Wladimir Putin Merci gesot.
3,4 Millioune Leit waren opgeruff, dat zentraalt Parlament an déi regional Parlamenter vum serbeschen Deelstaat an der kroatesch-muslimescher Federatioun nei ze bestëmmen. Ausserdeem sinn d'Presidente vun den zwou Deelrepublicken an den dräikäppege Staatspräsidium vum Zentralstaat gewielt ginn. D'Presidentschaft ass mat engem Kroat, engem bosnesche Muslim an engem Serb besat. Am Ganzen hate méi wéi 500 Kandidaten zur Wiel gestanen.
Den Autoritéiten no waren e Sonndeg den Owend 95 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt. D'Walbedeelegung louch bei ronn 42 Prozent a war domat bal 10 Prozentpunkte méi niddreg wéi bei der Wal 2022. Et wier net zu gréisseren Tëschefäll komm.
"Ouni dem Donald Trump seng groussaarteg Victoire wiere mir haut warscheinlech politesch Läichen", sou den Dodik a senger Ried, an där hie sech och bei sengem enken Alliéierte Wladimir Putin bedankt huet. Dank engem neie politeschen Ëmfeld wiere si lo awer politesch Gewënner, sou de 67 Joer ale Politiker weider. Hie war d'lescht Joer ofgesat ginn als President vun der Deelrepublik, well hie seng Kompetenzen iwwerschratt hat an dierf dowéinst sechs Joer laang net kandidéieren. Trotzdeem huet seng SNSD-Partei dominéiert a säin Ëmfeld nennt hien nach ëmmer "President".
D'Kandidate ware mat konträre Virstellungen iwwer d'Zukunft vum Land an de Walkampf gaangen. Ee méi staark vereente Bosnien géintiwwer méi Autonomie fir déi serbesch Deelrepublik. Kroatesch Nationalisten hunn donieft op eng Reform vum Walrecht gedrängt, fir méi kënne matzebestëmmen. Iwwerdeems hu sech vill Wieler midd gewise vun der Rhetorik am Walkampf, déi heefeg u Krichszäiten erënnert huet. Si hoffen op e Wandel an en Opschwong vun der Wirtschaft mat méi Aarbechtsplazen, fir datt net nach méi jonk Leit d'Land verloossen op der Sich no engem bessere Liewen.