Petzpektiv - en anere Bléck op d'Welt War dat Yalta 2?

Petz Bartz
“War dat Yalta 2?” ass d’Fro, déi am “Petzpektiv – en anere Bléck op d’Welt” opkënnt, enger neier Rubrik vum Journalist Petz Bartz.
In this pool photograph distributed by the Russian state agency Sputnik, Russia's President Vladimir Putin, China's President Xi Jinping and US President Donald Trump arrive for a trilateral meeting at Kylin Villa on the sidelines of the Asia-Pacific Economic Cooperation (APEC) Summit in Shenzhen, in China's southern Guangdong province, on November 19, 2026. (Photo by Vyacheslav PROKOFYEV / POOL / AFP)
© POOL/AFP

Um APEC-Sommet zu Shenzhen a China souzen en Donneschdeg fir d'éischte Kéier Xi Jinping, Wladimir Putin an Donald Trump zesumme ronderëm een Dësch. No 90 Minutte gouf et eng Friddensdeklaratioun. De Fränz Aulner huet mam Petz Bartz iwwert de Sommet geschwat, dee séier de Stempel "historesch" hat.

Ni war d’Opmierksamkeet vun der Weltpress fir den APEC-Wirtschaftssommet am asiatesch-pazifesche Raum esou grouss wéi elo. Iwwerall zirkuléiert de Verglach mat Yalta 1945.

Well se zu 3 zesumme koumen. Deemools Churchill, Roosevelt a Stalin an elo Xi Jinping, Putin an Trump. Mee dann ass de Verglach awer och schonn eriwwer. Et war elo vill Bling Bling – et goung virop ëm d'Foto. Deemools goung e Weltkrich op en Enn an d'Reuniounen hunn eng Woch gedauert. Elo 90 Minutten. D'Hallschent vun der Zäit geet an den Iwwersetzunge verluer, da bleiwen Dräivéierelsstonn. All Eenzelen huet esou just 15 Minutte fir sech op Platituden ze limitéiere, wéi déi nei Weltuerdnung auszegesinn huet. Dat ass just 5 Mol esou laang Zäit, wéi ech elo hei hunn.

Heescht dat et war eng Show? Eng politesch Duerstellung?

Et ass villfach e Spill mat Symboler. Et geet sécher méi ëm d'Bild, wéi ëm dat geschwatent Wuert, well den Ënnerscheed zu Yalta ass ebe grad, dass déi dräi net dee selwechten Agenda hunn. Et gëtt keng Aussiicht op en neie START-Traité, als Limitt op Atomwaffen a nom Nvidia-Spionage-Skandal mat Sécherheet och keng eenheetlech Linn a punkto Kënschtlech Intelligenz.

Mee et geet jo awer ëm Handel a Wirtschaft um APEC-Sommet?

De Xi Jinping strieft no internationaler Unerkennung a steet fir Stabilitéit an Handel. China ass ënnerwee, natierlech net nëmme wirtschaftlech, mee och politesch déi fréier Groussmuechten USA a Russland z'iwwerhuelen. Zumools wann déi zwou al Groussmuechte Vertrieder aus de Kategorien Clown respektiv Krichsdréiwer schécken, déi am Fong an de leschten 10 Joer näischt gebak kruten – deen ee mat Sanktioune beluecht, deen anere schéisst sech mat Stroftaxe selwer an de Knéi – an allebéid si se a Kricher verstréckt aus deene se keen Auswee fannen an déi schrecklech Geld kaschten. Den Trump an Iran, de Putin an der Ukrain.

Mee si genéissen awer hiren Optrëtt op der internationaler Bün. Zumools fir de Putin ass dat dach awer eng diplomatesch Victoire.

Fir op Yalta zeréckzekommen. Dat läit op der Krim. De Putin, dee krut elo viru kuerzem eng Bréck ewech geschoss fir iwwerhaapt bis dohin ze kommen. Déi Show do zu Shenzhen riicht sech natierlech un Europa. Europa ass wuel net am pazifeschen Handelsraum ënnerwee, mee virun allem krut ee gewisen, net méi iwwerall dobäi ze si, well een net méi därmoosse Relevanz huet.

Back to Top
CIM LOGO