Corona an EnglandHéich Inzidenz, mee keng legal Reegelen

RTL Lëtzebuerg
Kee Social-distancing, kee Covidpass an och keng Mask am Supermarché, dat gëllt an England zanter dem 19. Juli, dem sougenannte "Freedom Day".
© AFP (Archiv)

Korrespondenz London / Reportage Jean-Philippe Thomas

Rezent huet sech d’Covid-19-Pandemie awer och an England nees fest verankert. Sou gëtt et zum Beispill eng 7-Dagesinzidenz vu gutt iwwer 300 Fäll pro 100.000 Awunner, ee relativ héije Wäert am Verglach mat villen aneren europäesche Länner. Den Dr Marc Baguelin, Epidemiolog fir infektiéis Krankheeten um Imperial College, schätzt déi momentan Situatioun esou an: I think we are in a situation where a lot of the indicators are still relatively high, in particular cases, and with a level of pressure on hospitals which is still relatively high.

Dank engem Impftaux vu ronn 80% bleift de Mortalitéitstaux awer momentan nach relativ niddreg, sou de Dr Baguelin weider.

Als Äntwert op dës Situatioun, setzt d’Regierung vum Premier Boris Johnson op hire “Plang A”, dee virun allem duerch Booster-Impfungen d’Gesondheetsservicer virun ze héijem Drock soll schützen. Sou goufen ewell méi wéi 11 Millioune Booster-Impfungen un iwwer 50 Joer al Persounen, vulnerabel Leit a Fleege- a Spidolspersonal verimpft.

Wéi laang d’Regierung un hirem Plang A awer ka festhalen, hänkt virun allem vun der Situatioun an de Spideeler of. Déi am Wanter méi heefeg viral Krankheeten, déi verluechte Spidolsprestatiounen, déi mussen nogeholl ginn, a steigend Covid-Infektioune bei mee eelere Leit, déi nach keng Booster-Impfung kruten, setzen den nationale Gesondheetsservice ëmmer méi ënner Drock.

Den Dr Baguelin bleift virsiichteg an erwaart sech fir de Wanter e puer schwiereg Wochen ier d’Situatioun sech dann erëm kéint berouegen: A lot of models are indicating that we are likely to see a lot of pressure for some weeks, but that it will eventually go down.

D’Hoffnung an England bleift weiderhin, dass een de Wanter ouni nei legal Restriktioune kann iwwerstoen.

Back to Top
CIM LOGO