Doudesstrof an den USAHiriichtung eng Stonn virum Rendez-vous gestoppt

AFP, iwwersat vun RTL
Fir d'éischt Kéier zanter 200 Joer soll am US-Bundesstaat Tennessee eng Fra wéinst Mord higeriicht ginn. Eng Stonn virum Rendez-vous koum alles anescht.
D'Christa Pike gouf fir de Mord un enger Bekannter zum Doud verurteelt.
D'Christa Pike gouf fir de Mord un enger Bekannter zum Doud verurteelt.
© HANDOUT/AFP

Kuerz virun enger historescher Hiriichtung am US-Bundesstaat Tennessee huet en Appellsgeriicht d'Ausféiere vum Urteel gestoppt. D'Christa Pike, déi zum Doud verurteelt gouf, hätt Zweiwel un der Rechtméissegkeet vum viregte Prozess geäussert, déi elo inhaltlech gepréift misste ginn, huet d'Geriicht decidéiert. Zentrale Punkt dobäi ass déi geriichtlech Wierdegung vun den Traumata, déi d'Pike als Kand erlieft hätt.

D'Pike hätt am Nomëtteg eiser Zäit sollten higeriicht ginn - et wier déi éischt Hiriichtung vun enger Fra an Tennessee zanter iwwer 200 Joer gewiescht. Déi 50 Joer al Pike gouf 1996 fir de Mord un enger deemools 19 Joer ale Bekannter zum Doud verurteelt. D'Täterin war dee Moment 18 Joer al.

Back to Top
CIM LOGO