Lutte géint Corona-PandemieHolland geet vun e Samschdeg un nees an en Deel-Lockdown

RTL Lëtzebuerg
De Ministerpresident Mark Rutte huet e Freideg den Owend ugekënnegt, datt déi verschäerft Mesuren elo emol fir dräi Woche gëlle sollen.
© AFP (Archiv)

Vun e Samschdeg u musse Caféen a Supermarchéen um 20 Auer zoumaachen, aner Geschäfter schonn um 18 Auer. D'1,5 Meter-Ofstandsreegel gëtt nees agefouert, Bierger sollen nees vun Doheem aus schaffen a maximal véier Leit Doheem empfänken. Net vum Shutdown betraff si Kinoen an Theateren.

Sportscompetitiounen mussen erëm ouni Public organiséiert ginn. Nach wärend der Pressekonferenz vun der Regierung am Justizministère zu Den Haag huet d‘Police missen eng Demonstratioun virum Gebai opléisen.

Eréischt Enn September hat d’Land déi meescht Reegele staark gelockert. D’Zuel vun de Corona-Neiinfektioune läit elo wäit iwwer 16.000 pro Dag an d’Inzidenz ass mat wäit iwwer 500 och ganz héich. D’Situatioun op den Intensivstatiounen ass esou prekär, datt Klinicke virum Noutstand warnen.

Back to Top
CIM LOGO