
Mat Hëllef vu verschiddene Sécherheetskonzepter gëtt nämlech versicht, nees gréisser Veranstaltungen z’organiséieren, ouni dobäi d’Gesondheet vun de Leit a Gefor ze bréngen.
En éischten Test gëtt e Méindeg am Beatrix-Theater zu Utrecht duerchgefouert. Ronn 500 Participante wäerten hei zesummekommen. Fir déi Woch duerno steet e Cabaret mat Public um Programm an och Futtballmatcher mat jeeweils 1.500 Spectateure si virgesinn. Genausou wéi Showen am Amsterdamer Ziggo Dome, wéi och Veranstaltungen an der frëscher Loft.
Mat Hëllef vun dësen Test-Events wëllen d’Autoritéiten am Kader vun der Initiativ Fieldlab Events Konzepter entwéckelen, déi et de Mënschen nees erlaben, u sportlechen oder kulturellen Evenementer deelzehuelen, och a Corona-Zäiten.
D’Participante mussen alleguerten en negative Corona-Test virleeën, deen net méi al wéi 48 Stonnen ass. Direkt no hirer Arrivée gi si iwwer méiglech Symptomer befrot a si kréien d’Féiwer gemooss. Besteet de Verdacht op eng méiglech Infektioun, gëtt direkt e Schnelltest duerchgefouert. Donieft muss sech jidderee 5 Deeg nom Event op de Coronavirus teste loossen. Donieft muss all Testpersoun e Beweegungssensor bei sech hunn, fir dass d’Deplacementer kënne retracéiert ginn. Ausserdeem wäerten déi meeschte Leit e Mask unhunn, e puer kréien eng Visière als Mond- an Nueseschutz vun den Organisateuren ugebueden.
