Verëffentlechung huet ugefaangenHonnertdausenden Dokumenter an der Epstein-Affär gi vun der US-Regierung online gesat

RTL Lëtzebuerg
D’US-Regierung huet en Deel vun den Ermëttlungsdossieren zum verstuerwenen Jeffrey Epstein publizéiert.

De Justizministère stellt Honnertdausenden Dokumenter online zur Verfügung, déi op der offizieller Websäit vum Ministère kënne consultéiert ginn. D’Verëffentlechung soll méi Transparenz an d’Affär bréngen, déi zanter Jore fir Kontroversen a Spekulatioune suergt.

De Finanzeberoder Epstein, dee bis an héchst Kreesser vernetzt war, war 2019 dout a senger Zell am Prisong fonnt ginn. Dem Milliardär gouf reprochéiert, sëllege Meedercher a Frae mëssbraucht an u Prominenter weidergereecht ze hunn. Dem Donald Trump säin Numm war an de bis ewell verëffentlechten Akten op ville Plazen opgedaut, e perséinlecht Feelverhale konnt him allerdéngs net nogewise ginn.

Méint laang hat den Trump sech géint d’Publikatioun gestallt. Hien hat d’Epstein-Affär e “Schwindel” vun den Demokrate genannt, déi vu sengem Succès oflenke soll. Den Trump huet enk Relatiounen zum Epstein dementéiert, op scho publizéierte Fotoen an Dokumenter ass awer de Géigendeel ze gesinn.

Internationalen Noriichteniwwerbléck vum 19. Dezember 2025
Wichteges aus der Welt kuerz zesummegefaasst.

Weider Artikelen zum Thema:




Back to Top
CIM LOGO