
D’Schwäizer decidéieren dann ënner anerem, ob Ierfschaften iwwer 50 Millioune sollen zousätzlech besteiert ginn. Eng Korrespondenz vum Lynn Welter.
Fir d’éischt e Wuert zum Hannergrond. Bis 2050 soll d’Schwäiz hier Zäregas-Emissioune reduzéieren. Dofir sinn all Joer ronn zwou Milliarden € virgesinn. Dat wier awer net genuch, fënnt d’Initiative “Fir eng sozial Klimapolitik” vun de Jonke Sozialisten.
Si wëllen dowéinst eng zousätzlech Steier op Ierfschaften a Schenkungen aféieren, bei deem bei engem Montant vun iwwer 50 Milliounen € 50% Steiere misste bezuelt ginn. D’Akommes vun der neier Steier soll, de Jongsozialisten no, fir eng “sozial gerecht” Bekämpfung vun der Klimakris an den Ëmbau vun der Gesamtwirtschaft agesat ginn.
Enger Statistik vun der Steierverwaltung no, haten 2021 ronn 2.500 Awunner an der Schwäiz ee Verméige vun iwwer 50 Milliounen €. D’Sozialisten denken, datt duerch déi nei Steier all Joers am Duerchschnëtt 6 Milliarden € méi un de Staat géinge bezuelt ginn. D’Steierverwaltung rechent do éischter mat 4,3 Milliarden. Den exakte Montant hänkt awer dovun of, wéi vill Leit an Entreprisen d’Schwäiz géinge verloossen, wann dës nei Steier effektiv a Kraaft triede géing.
Vun de politesche Parteie si just d’Sozialisten an déi Gréng fir des Propose. All aner Parteie sinn dogéint. Zwee offizielle Sondagen vun Oktober an November no, hätt d’Initiative dann och keng Chance beim Vollek, 62% respektiv 68% wieren dogéint. Den 30. November wësse mer dann definitiv wéi et ausgeet.
Lynn Welter vun Olten fir RTL Lëtzebuerg.