
Fraen, déi erwaarden, sollte sech géint de Sars-Cov-2 impfe loossen. Der Task Force no gëtt et keng Konter-Indikatioun, mä vill Virdeeler. Wann een erwaart, gehéiert een zu de Risikopatienten.
Déi belsch Fraendoktere baséiere sech op eng rezent Etüd bei 4.000 europäeschen an amerikanesche Fraen, déi schwanger waren a sech mam Virus ugestach haten oder ënner Verdacht stoungen, infizéiert ze sinn. Deemno géif de Covid zu 69% de Risk verstäerken, datt d’Kand ze fréi kënnt, virun allem tëscht der 32. an der 37. Woch. An d’Krankheet géif och d’Stierflechkeet bei der Mamm erhéijen. Beim Vaccin dogéint wier bis elo kee Risiko bekannt.
D’Task Force réit deemno Fraen, déi e Kand erwaarden oder plangen, schwanger ze ginn, sech impfen ze loossen. D’Anticorpse géifen duerno och de Puppelche schützen, wärend der Schwangerschaft an iwwert d’Nieren. Sou wéi dat bei anere Vaccinen, wéi deem géint d’Gripp zum Beispill, och de Fall ass.
De belsche Conseil supérieur de la Santé dogéint recommandéiert bis ewell net, datt schwanger Frae sech sollen impfe loossen. D’selwecht wéi hei am Land, ass et bis ewell souguer eng Géigen-Indikatioun.