Da leeft nämlech de Katalog mat de Pandemie-Moossnamen, dee bis elo a Kraaft ass, of. D’Fro stellt sech besonnesch, wéi d’Parteie vun der zukünfteger Regierung mat de Feierdeeg Enn dës Joers, der Hausse vun den Infektioun an dem elo schonn akute Manktem un Intensivbetter ëmginn. Et sinn hëtzeg Debatten: Et geet ëm Kritik un der Politik vu verschiddene Parteien an ëm Analyse vun enger Lag, déi méi eescht ass wéi an de Jore virdrun.
En Donneschdeg markéiert en neien traurege Rekord zanter dem Ufank vun der Pandemie an Däitschland: den RKI mellt iwwer 65.000 Neiinfektiounen, en Trend, dee sech zanter der leschter Woch ëmmer weider an den Himmel schrauft. Et sinn Zuelen, déi alarméieren. A Sachsen gëtt iwwert e komplette Lockdown iwwert d’Feierdeeg a bis Silvester diskutéiert. An an engems lafen déi aktuell Mesuren deemnächst aus. Dofir hunn d’SPD, d’FDP an déi Gréng, déi déi nächst Regierung forméiere wäerten, dem Bundestag en neit Infektiounsschutzgesetz fir d’Zäit duerno virgeluecht, dat en Donneschdeg de Moie gestëmmt gouf.
3G-Reegele gi méi breet ëmgesat an et wëll ee bei den Impfungen a Booster-Impfunge méi séier weiderkommen. Ofstandsreegelen an d’Maskeflicht an zouene Raim gëlle weider an et soll och erëm verstäerkt op d’Méiglechkeet vum Homeoffice zeréckgegraff ginn. Treffe solle weiderhi méiglech bleiwen, mä jee no Infektiounslag mat enger limitéierter Zuel u Participanten. A soll erëm méi getest ginn, zum Beispill a Klinicken oder Altersheemer, och Geimpfter, zum Beispill, wa se danze wëlle goen. An et ginn haart Strofe fir gefälschten Impf-Zertifikater gefuerdert.
Anengems sollen d’Bundeslänner vun Enn dës Mounts u méi selwer decidéiere kënnen, wat fir Mesurë si ëmsetzen. Esou solle landeswäit Ausgangsspären evitéiert ginn an dass Schoulen erëm zoumaache mussen.
Nomëttes souzen d’Ministerpresidentinnen a -presidente mat der Bundeskanzlerin Angela Merkel zesummen, fir iwwer weider Schrëtt ze diskutéieren. D’Ministerpresidenten an d’Bundesregierung hu sech op gemeinsam Schwellewäerter iwwert d’Aféierung vum flächendeckenden 2G gëeenegt.
Jee nodeem, wéi d’Situatioun an de Spideeler ass, wäerten ënnerschiddlech Mesurë gëllen. „Der Hospitalisierungsindex ist jetzt maßgebende Größe”, huet d’Angela Merkel wärend der Pressekonferenz ënnerstrach. Beim Hospitaliséierungstaux gëtt gekuckt, wéi vill Leit pro 100.000 Awunner bannent 7 Deeg an d’Klinick ageliwwert ginn. Klëmmt den Taux iwwert den éischte Grenzwäert 3, gëlle méi streng Moossnamen. Wëll soen: da gëllt flächendeckend d'2G-Reegel. Den Zoutrëtt zu Fräizäit- oder Kulturariichtungen, Restauranten oder Sportsevenementer gëtt vun deem Moment un op Geimpfter a Geheelter (2G) beschränkt.
Läit den Taux iwwer 6, kënnen d’Mesuren nach méi verschäerft ginn. D’Länner kënnen an deem Fall d'2Gplus-Reegel aféieren. Jiddereen, dee geimpft oder geheelt ass, brauch dann zousätzlech en negativen Test.
Bei engem Schwellewäert vun 9 geet vun enger héijer Belaaschtung vum ëffentleche Gesondheetssystem rieds. Spéitstens da kann dat concernéiert Bundesland nach méi streng Mesuren ergräifen, déi am Infektiounsschutzgesetz festgehale ginn.
Wéi den Hendrik Wüst (NRW) erkläert huet, wëllen d’Ministerpresidenten, dass net-geimpft Sportler wéi de Joshua Kimmich geschwënn net méi an den Asaz kommen dierften. Dat wéinst den alarmant héije Corona-Zuelen an Däitschland.
Am Virgespréich vun de Ministerpresidente wier ee sech séier eens gewiescht, datt wann d’Spectateuren am Stadion d'2G-Reegel erfëlle missten, dann hirer Opfaassung no och d’Profien. Ob si dat ëmgesat kréien, misst elo nach gepréift ginn, sou de Wüst.
D'2G-Reegel gëllt an Zukunft an deene Bundeslänner, an deenen den Hospitaliséierungstaux iwwert dem Grenzwäert vun 3 läit. Aktuell leie just Hamburg, Niedersachsen, Saarland a Schleswig-Holstein ënnert dësem Wäert.
D’Länner wëllen iwwerdeems eng Impfflicht am Fleegesecteur an an de Spideeler aféieren, wa Kontakt zu vulnerabele Leit besteet, sou nach de Ministerpresident vun NRW Hendrik Wüst.
