
Éisträich féiert als éischt Land an Europa eng allgemeng Impfflicht géint d’Corona-Pandemie an. Dofir hu sech d’Regierung an zwou vun den dräi Oppositiounsparteien, d’Sozialdemokraten an déi liberal Neos, op e Gesetzesentworf gëeenegt. D’Impfflicht soll vum 1. Februar 2022 u fir all an Éisträich liewende Mënsch gëllen, dee méi al ass wéi 14 Joer, dat huet d’Regierung en Donneschdeg zu Wien matgedeelt.
Leit, déi sech net wëllen impfe loossen, riskéieren eng Strof vu bis zu 3.600 Euro. D’Impfflicht gëllt deemno fir knapp 7,7 Millioune Bierger a Biergerinnen. Den Ament sinn nëmme 6,4 vun de knapp 9 Milliounen Awunner an Éisträich geimpft. D’Gesetz soll fir zwee Joer gëllen. Mat dësem Schratt wéilt een op weider Wellen an der Pandemie virbereet sinn, sou de Gesondheetsminister Wolfgang Mückenstein.
Net betraff vun der Impfflicht si schwanger Fraen. Wien aus gesondheetleche Grënn net geimpft ka ginn, dee muss een Noweis vun engem Dokter virleeën. Fir sou Fäll goufen extra Richtlinnen ausgeschafft. Attester kënnen ënnert anerem Hausdokteren, Internisten, Gynekologen a Kannerdoktere schreiwen. Bei Mëssbrauch riskéiert och den Dokter eng Strof. Net concernéiert vun der Impfflicht sinn och Leit, deenen hir Infektioun nach keng 180 Deeg hier ass.
Eng Befreiung vun der Impfflicht muss am elektroneschen zentralen Impfregëster erfaasst ginn. Dës Date solle fir d’éischte Kéier de 15. Mäerz an dann all dräi Méint mam Melderegëster ofgeglach ginn. Net-geimpft Persoune solle scho virdrun eng Kéier ugeschriwwe ginn an op d’Impfflicht higewise ginn. E Schreiwes mat engem konkreten Impf-Rendez-vous soll nach viru Chrëschtdag un d’Leit geschéckt ginn.
An Däitschland huet de Bundestag e Freideg eng beruffsspezifesch Impfflicht fir d’Gesondheetspersonal a Klinicken an an Alters-a Fleegeheemer decidéiert. D’Gesetz vun der neier Regierung ass mat 571 Stëmmen, géint 80 Nee an 38 Enthalungen ugeholl ginn. Och de Bundesrat huet e Freideg an der Mëttegstonn gréng Luucht ginn.
Vu Mëtt Mäerz 2022 u soll da fir Mataarbechter a Mataarbechterinnen an Institutiounen, an deene Mënschen, déi besonnesch vulnerabel fir Covid-19 sinn, behandelt ginn, eng Impfflicht gëllen.
Fir déi héich Infektiounszuelen nees erofzekréien, gëtt de Bundeslänner nees erlaabt, Fräizäit- a Sportveranstaltungen ze verbidden a Baren, Diskoen wéi och Restauranten zou ze maachen.
An der Tschechescher Republik gëtt dann och 2022 fir bestëmmt Persounegruppen eng Corona-Impfflicht agefouert. D’Impfflicht fir iwwer 60 Joer al Persounen trëtt den 1. Mäerz 2022 a Kraaft. Verflichtend gëtt d’Impfung dann och fir Gesondheets- a Fleegepersonal, Dokteren a Medezinsstudenten, Polizisten, Pompjeeën an Zaldoten.
