Pharmakonzern ModernaImpfstoff gëtt u Kanner tëscht 6 Méint an 11 Joer getest

RTL Lëtzebuerg
De Moderna-Vaccin war bis elo fir Mënschen iwwer 18 Joer zougelooss. Lo fänkt een an enger 1. Testphas och un, Kanner tëscht 6 Méint an 11 Joer ze impfen.

D’US-Entreprise wëll erausfannen, wéi gutt den Impfstoff bei klenge Kanner wierkt a wéi si e verdroen. Mat de klineschen Tester gouf an den USA an a Kanada schonn ugefaangen, wéi Moderna en Dënschdeg matgedeelt huet. Ronn 6.750 gesond Kanner solle sech doru bedeelegen.

Moderna a Pfizer haten d’lescht Joer schonn an enger Etüd mat Jugendleche vun 12 Joer un ugefaangen. An och Johnson & Johnson plangen eng pediatresch Etüd mat hirem viru kuerzem zougeloossenen Impfstoff. Bei Kanner weise sech no enger Covid-19-Infektioun meeschtens wéineg oder keng Symptomer. Si ze impfen, wier awer wichteg fir d’Immuniséierung vun der Gesamtpopulatioun. Och wa Kanner kaum krank géife ginn, kéinte si de Virus awer weiderginn.

Back to Top
CIM LOGO