
Am Afghanistan leeft alles drop eraus, dass déi international Loftbréck tëscht dem Flughafen zu Kabul an dem Ausland effektiv spéitstens e Mëttwoch wäert eriwwer sinn. Bis dohi wëlle sech d’USA jo ganz zeréckzéien.
Déi däitsch Bundeswehr soll schonn am Laf vum Donneschdeg hir lescht Evakuatiounsmissioun fléien. Véier Fligere sollen am Laf vum Dag a Richtung Usbekistan ofhiewen.
D’Bundesverdeedegungsministesch Kramp-Karrenbauer sot, d’Sécherheetssituatioun zu Kabul géif ëmmer méi oniwwersiichtlech ginn an dofir e grousse Risiko fir déi däitsch Zaldoten op der Plaz duerstellen. Déi selwecht Argumenter kommen och aus der Belsch, wou e Mëttwoch decidéiert gouf, d’Evakuatiounen ze stoppen. De Premier Alexander De Croo sot, dass sech d’Situatioun am Laf vum Dag däitlech verschlechtert hätt. Déi belsch Autoritéiten hätten Informatiounen iwwert een imminent Selbstmordattentat kritt.
D’Tierkei huet e Mëttwoch den Owend ugefaangen, hiert Militärpersonal heem ze bréngen. Domadder ass kloer, dass d’Tierkei net méi wäert hëllefen, de Flughafen zu Kabul ze sécheren.
