CoronavirusIsrael bitt Booster-Impfung un

RTL Lëtzebuerg
An Israel kënnen Erwuessener mat engem geschwächten Immunsystem vun elo un eng Opfrëschungsimpfung kréien.
© AFP (Archiv)

Déi drëtt Sprëtz no den zwou Impfunge mam Biontech/Pfizer-Impfstoff kréien zum Beispill Persounen, déi eng Organtransplantatioun hanneru sech hunn oder déi eng Krankheet hunn, déi hiren Immunsystem schwächt, dat huet de Gesondheetsminister Nitzan Horowitz matgedeelt.

D’Fro vun enger Opfrëschungsimpfung fir déi ganz Bevëlkerung géif gepréift ginn, ma wär awer nach net decidéiert, sou nach de Minister.

Mat der Ausbreedung vun der Delta-Variant sinn d’Neiinfektiounen an Israel nees geklommen. D’Impfunge waren am Land am Dezember gestart.

Pfizer a Biontech wëllen an den nächste Wochen och d’Autoritéiten an den USA an an Europa bieden, fir déi drëtt Impfung ze geneemegen. Si begrënnen dës mat engem nees méi héijen Infektiounsrisiko no sechs Méint.

Back to Top
CIM LOGO