Wéinst VerschwörungHongkonger Demokratieaktivist Joshua Wong zu weideren zéng Joer Prisong verurteelt

AFP, iwwersat vun RTL
Hongkong huet laang als eng Plaz gegollt, wou d'Meenungsfräiheet am Verglach zum Rescht vu China relativ gutt geschützt war.
(FILES) Joshua Wong, secretary-general of Hong Kong's Demosisto party and leader of the "Umbrella Movement" arrives to testify before the Congressional-Executive Commission on China about the pro-democracy movement in Hong Kong, on September 17, 2019 on Capitol Hill in Washington, DC.
© AFP/

Den Hongkonger Demokratieaktivist Joshua Wong ass en Donneschdeg zu weideren zéng Joer Prisong verurteelt ginn.

Him gëtt virgeheit. mat "auslännesche Kräften" zesummegeschafft ze hunn. De Parquet zu Hongkong huet hien als ee vun den Haaptkäpp vun enger Verschwörung bezeechent. Dës soll déi national Sécherheet a Gefor bruecht hunn.

D'USA an Taiwan hunn d'Urteel schaarf kritiséiert. Déi chineesesch Regierung huet d'Kritik zeréckgewisen.

De Joshua Wong sëtzt schonn zanter bal sechs Joer am Prisong. Hien hätt am Januar nees op fräiem Fouss solle sinn, nodeems hie seng Strof wéinst "Subversioun" ofgesat huet. Den Aktivist ass deemools op Grondlag vum sougenannte Sécherheetsgesetz verurteelt ginn. Och dat neit Urteel stäipt sech op dat ëmstriddent Gesetz, dat Peking 2020 agefouert huet.

Am juristesche Prozess huet him esouguer eng liewenslaang Strof gedreet. De Riichter William Tam huet awer erkläert, datt 13 Joer am Fong ugemooss wier. Well de Joshua Wong sech fir schëlleg bekannt huet, gouf seng ursprénglech Strof op zéng Joer erofgesat.

D'US-Konsulat zu Hongkong huet gefuerdert, datt de hien direkt fräigelooss gëtt. Den Aktivist géif zanter Dezember 2020 zu Onrecht am Prisong sëtzen. De Fall géif weisen, wéi wäit Peking bereet wier ze goen, fir déi Leit zum Schweigen ze bréngen, déi sech zu Hongkong fir d'Grondfräiheeten asetzen, esou eng Porte-Parole vum Konsulat.

De Joshua Wong ass ee vun de bekanntste Gesiichter vun der Demokratiebeweegung an Hongkong. Hie gouf 2014 duerch déi vu Studente geleete Protester bekannt. Och bei de grousse Masseprotester vun 2019, bei deenen et deelweis zu Gewalt koum, war hien dobäi. Dës Protester haten dozou bäigedroen, datt Peking 2020 dat nationaalt Sécherheetsgesetz agefouert huet.

(FILES) Pro-democracy activist and Demosisto member Joshua Wong (C) speaks to a crowd of people as a vigil takes place in nearby Victoria Park in Hong Kong on June 4, 2020.
Den Joshua Wong 2020 bei engem Protest zu Hongkong.
© AFP/

Zanter der Aféierung ginn d'Autoritéiten awer ëmmer méi haart géint Demokratieaktivisten an aner kritesch Stëmme vir. Si geheien hinne vir déi national Sécherheet vu China a Gefor ze bréngen.

Vill Membere vun der Oppositioun sinn an d'Ausland geflücht. Anerer goufe festgeholl an zu laange Prisongsstrofe verurteelt.

Back to Top
CIM LOGO