Net méi genuch Sauerstoff an IndienIwwer eng Millioun Neiinfektioune bannent 4 Deeg

RTL Lëtzebuerg
Indien mellt schonn nees e weltwäiten Dages-Héchststand. A 24 Stonne goufe 332.730 nei Fäll gemellt, 2.263 Mënsche sinn un oder mam Virus gestuerwen.

Keen anert Land huet bannent 24 Stonnen esou vill Corona-Fäll enreistréiert, an de leschte 4 Deeg koumen iwwer eng Millioun Neiinfektiounen zesummen. Indien huet schonn den zweeten Dag hannerteneen e weltwäiten Héchstwäert erreecht.

An d’Zuele klamme weider, séier. Et feelt massiv u medezinescher Versuergung an d’Spideeler froe verzweiwelt ëm Hëllef, genee wéi Familljemembere vu schwéierkranke Corona-Patienten.

An absolutten Zuelen huet Indien mat sengen 1,3 Milliarden Awunner iwwer 16 Milliounen Infektiounen offiziell erfaasst.

Wéinst der héijer Zuel u Corona-Patienten hunn indesch Spideeler en dréngenden Hëllefsappell lancéiert. E feelt massiv u Sauerstoff.

Eng vun de gréisste Chaînë vu Privatklinicken huet op Twitter geschriwwen: “SOS - manner wéi eng Stonn Sauerstoff op Reserv iwwreg am Max Smart Hospital a Max Hospital Saket”. Iwwer 700 Patiente bréichten dréngend Hëllef.

De Premierminister Narendra Modi wëll nach e Freideg eng Rei vu Krisesëtzungen ofhalen.

Back to Top
CIM LOGO