AfghanistanJean Asselborn fuerdert méi Asaz vun der EU

Annick Goerens
Kanada a Groussbritannien hu schonn annoncéiert, datt ee Flüchtlinge wéilt ophuelen. Anescht gesäit dëst an der EU aus.

Iwwer eng Woch, nodeems d’Taliban am Afghanistan de Pouvoir iwwerholl hunn, bleift d’Situatioun weider ugespaant. Zéngdausende wëllen d’Land verloossen, ma spéitstens um Fluchhafe vu Kabul bleiwe se dann hänken. Et ass rieds vun dramateschen Zeenen an enger Massepanik.

Elo bleift natierlech d’Fro am Raum: wien hëlt all déi Leit op, déi et gepackt hunn, ze flüchten? Kanada a Groussbritannien hu mëttlerweil ugekënnegt, an den nächste Joren zéngdausenden afghanesch Flüchtlingen opzehuelen. Ma vun Europa, der grousser Bastioun vun Demokratie a Mënscherechter, héiert ee bal näischt.

Afghanistan - EU / Reportage: Annick Goerens

Europa entzitt sech fir den Ament senger Responsabilitéit a setzt op d’Nopeschlänner vun Afghanistan. Vun enger gemeinsamer europäesch Strategie oder Aussepolitik kann iwwerhaapt keng Ried sinn. Europa géing ëmmer just vu Mënscherechter schwätzen, awer keng Zeeche setzen. Dat sot de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn e Méindeg de Moien an engem Interview um Deutschlandfunk.

Was wäre gewesen, wenn wir 450 Millionen Einwohner gesagt hätten, wir nehmen, ich sag mal, 40.000-50.000 Menschen auf? Wir machen Quoten aufgrund der Einwohnerzahl, der Stärke der Länder und sind bereit diese Menschen aufzunehmen. Das wäre ein Zeichen gewesen, das Europa sehr gut tun würde, was auch die Glaubwürdigkeit Europas stärken würde, aber wir wissen, es ist in diesem Moment nicht möglich, in Sachen Migration eine gemeinsame Lösung zu bekommen.

Europa soll sech op alle Fall och net un Éisträich orientéieren. D’Alperepublik hat jo wësse gedoen, dass si, egal wat nach geschitt, keng Flüchtlingen aus Afghanistan géingen ophuelen. Dat wär eng ganz kuerzsiichteg a riets Politik, kritiséiert de Jean Asselborn.

Das ist nicht europäisch. Das ist nicht menschenwürdig. Das ist nicht glaubwürdig. Wenn Europa sich von diesen Politiken inspiriert und sich nicht dagegen wehrt, dann hat Europa das Bild in der Welt, was es verdient hat, und das ist kein gutes Bild in Sachen Migration.

All Woch géinge Schëffer mat Migranten op Malta oder an Italien landen, ma déi sougenannt „Koalition der Willigen“, also deene Länner, déi iwwerhaapt nach bereet wären, Mënschen opzehuelen, wär enorm geschrumpft.

Ich nenne jetzt nicht Deutschland und Frankreich, die viel gemacht haben, aber dann bleibt noch Irland, Portugal und Luxemburg. So kann es ja nicht gehen. Wir müssen ja wenigstens die Hälfte der europäischen Länder haben, die sich da einbringen, das ist zurzeit nicht der Fall. […] Und wenn wir davon nicht wegkommen, dann wird die ganze politische Solidarität in Europa zusammenbrechen.

Den Ament gëtt a villen europäesche Länner driwwer diskutéiert, fir d’Nopeschlänner vun Afghanistan, also ënner anerem den Iran a Pakistan, finanziell z’ënnerstëtzten, fir dass si dann déi néideg Hëllef leeschten. Ma dovunner ass de Lëtzebuerger Ausseminister net wierklech iwwerzeegt.

Sie wissen vielleicht, dass viele, viele Menschen aus Afghanistan, die wir seit 2015 aufgenommen haben respektive die an unsere Tür geklopft haben, nicht aus Afghanistan direkt kamen, dafür sehr oft aus dem Iran kamen. Und wenn man jetzt hört, dass zwischen dem Iran und der Türkei Mauern gebaut werden, können Sie sich vorstellen, was das wird.

Europa misst sech elo e Beispill u Kanada a Groussbritannien huelen. Nämlech fir Mënschen opgeholl ginn, déi duerch d’Resettlement-Prozedur vum Uno-Flüchtlingshëllefswierk ginn an dass ee weist, dass Europa do ass a bereet ass ze hëllefen, sou nach de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn um Deutschlandfunk.

Back to Top
CIM LOGO