DäitschlandJens Spahn: "Drëtt Well eleng duerch d'Impfen net ze stoppen"

RTL Lëtzebuerg
De Bundesgesondheetsminister Jens Spahn huet déi däitsch Bevëlkerung drop preparéiert, dass et wuel nees a Richtung Lockdown geet.

Et géif an Europa net genuch Impfstoff ginn, fir déi 3. Well eleng duerch d’Impfen ze stoppen, mol net, wann d’EU-Liwwerungen zouverlässeg ukommen. “D’Zuele klammen an den Undeel vun de Mutatiounen ass grouss”, sou de Spahn e Freideg zu Berlin. Vläicht misst een och nees e puer Schrëtt no hanne goen, iwwer Ouverture wier de Moment op alle Fall net nozedenken.

Iwwer eng méi séier Impfcampagne gëtt sech e Freideg am Nomëtteg beroden. Da kënnt d’Bundeskanzlerin Angela Merkel mat de Ministerpresidente vun de Bundeslänner zesummen, fir ënner anerem doriwwer ze diskutéieren, dass vum 19. Abrëll un d’Hausdokteren an d’Corona-Impfungen mat abezu ginn a manner streng Richtlinne anhale mussen, wa si dat fir richteg halen.

Back to Top
CIM LOGO