
D’Euphorie bei den US-Bierger war grouss virun engem Joer, wéi gewosst war, datt den Joe Biden den neie President wier. Eng Euphorie déi iwwert déi läscht 12 Méint allerdéngs däitlech ofgeholl huet. Rezente Sondagen no fannen iwwer 70 Prozent vun de Bierger an den USA, datt sech d’Land an déi falsch Richtung beweegt.
An dobäi hat den eelste President an der Geschicht vun den USA mat engem groussen Elan ugefaangen. Mat Hëllef vun enger staarker Impfcampagne sinn d’Zuele vun de Coronainfektiounen zréck gaangen an de Kongress hat dem Biden en Hëllefspak an Héicht vun 1,9 Billiounen Dollar accordéiert. Donieft huet den neie President d’USA och zréck an de Paräisser Klimaaccord bruecht. Ma bei ville Walverspriechen ass awer nach net vill, respektiv näischt, geschitt. Eng Verschäerfung vum Wafferecht oder nach d’Reform vun der Police si just zwee konkreet Beispiller, bei deenen eng Ëmsetzung aussiichtslos ass.
De Biden hat an huet virun allem mat Problemer ze kämpfen. De chaoteschen Ofzuch vun den US-Zaldoten am Afghanistan war en Debakel an d’Ekonomie am Land erhëlt sech och nëmme lues vun der Pandemie. Eng weider Defaite huet de Biden an d’Demokrate bei de Wale fir de Gouverneur am Virginia en Dënschdeg missen astiechen. Ee Joer virun de sougenannten “Midterms” hunn dës Walen als wichtege Stëmmungstest gegollt.
Bei der Ofstëmmung nächst Joer steet déi knapp Majoritéit vun den Demokraten am Kongress um Spill. Ouni déi hunn d’geplangte Reformen absolut keng Chance ëmgesat ze ginn. Nämmlecht wéi den Donald Trump, misst de Biden dann virun allem via Dekreter regéieren. Stéchwuert Trump gëtt och nach ëmmer spekuléiert op dësen 2024 eng nei Kandidatur stellt. Ma sou oder sou hunn d’Demokraten an hire President Joe Biden nach grouss Chantiere viru sech bis nächst Joer November en richtegen Tëschebilan gezu gëtt.