
Berichter no wéilte sech net-geimpfte Leit express mat Covid-19 ustiechen, fir duerno als geheelt ze gëllen a vum sougenannten “pass sanitaire” profitéieren ze kënnen. Vun e Méindeg u muss een a Frankräich jo noweise kënnen, dass ee geimpft oder getest ass oder eng Corona-Infektioun iwwerstanen huet, fir zum Beispill an e Restaurant kënnen ze goen.
Vill Jonker, déi net wochelaang op hir 2. Dosis waarde wëllen, gräifen dowéinst op eng geféierlech Alternativ zeréck. Si huele Kontakt mat Infizéierten op a wëlle sech bewosst ustiechen.
E 25 Joer ale Mann huet der franséischer Dageszeitung “Le Figaro” beispillsweis erzielt, dass hie seng Mask net méi géing undoen a seng Hänn och manner wäsche géing, fir den “pass sanitaire” z’ergatteren. Eng Studentin am Alter vun 20 Joer huet der Zeitung géintiwwer betount, dass si duerchaus a Betruecht géing zéien, eng Frëndin mat Covid ze besichen, fir vun hir ugehouscht ze ginn.
D’"Spill mam Coronavirus”, wéi den Epidemiolog Philippe Amouyel et am Gespréich mam Sender LCI genannt huet, wier e grousse Feeler. Och wa vill Infektiounen asymptomatesch géinge verlafen, wier de Risiko vu Long Covid net z’ënnerschätzen, warnt den Expert.
