Zu dëse Länner gehéiert och Indien. Zanter dem Ufank vun der Pandemie sinn do eng 20 Milliounen Infektioune registréiert ginn. D’Donkelziffer awer läit relativ sécher wäit driwwer. D’Françoise Binsfeld, Direktesch vun Aide à l’enfance de l’Inde, huet den Drama, dee sech am Land zoudréit, genau am Bléck.
Déi zweet Coronawell an Indien huet staark Repercussiounen. De Gesondheetssystem ass komplett iwwerlaascht. D’Biller, déi een op der Tëlee gesäit, si schrecklech. Leit stierwen op der Strooss a souguer an de Klinicken, well et u Material feelt.
“D’Situatioun dohannen ass wierklech katastrophal. Déi zweet Vague breet sech mat Rapiditéit aus”, bericht d’Fançoise Binsfeld. An de Groussstied huet et ugefaange mat den héijen Infektiounszuelen. Ma lo sinn och ëmmer méi ländlech Regioune staark betraff. Souguer hei sinn elo d’Klinicke voll. Et ass net genuch Sauerstoff do, dee Covid-Patiente brauchen. Doriwwer eraus feelt et awer och un einfachstem Material wéi Masken, an et ass net genuch Personal do.

Vill Leit, déi souwisou schonn um Existenzminimum liewen, kommen duerch eng Infektioun oder de Verloscht vun hirer Aarbecht nach méi an d’Bredouillen. Dëst bremst d’Entwécklung vum Land, respektiv gehäit se souguer zréck.
D’Associatioun “Aide à l’enfance de l’Inde” schafft zanter Jore scho mat Partenairen op der Plaz, ënner anerem am Beräich vun der Educatioun.
Zënter 1967 huet d’Associatioun am Ganze 670 Projete finanzéiert. Projeten, déi ee grousst Zil hunn: D’Aarmut ze reduzéieren. Sou ginn zum Beispill Schoule gebaut, Schoulmaterial kaf, Bio-Geméisgäert ugeluecht an d’Bauere forméiert, Waasserversuergung optiméiert a sech géint Kanneraarbecht, Kannerbestietnesser a Gewalt géint Kanner a Fraen agesat. De Joresbudget läit bei 1,4 Milliounen Euro, e Groussdeel dovunner gëtt vu verschiddene Ministèrë finanzéiert.

De Constat vun deene leschte Méint ass awer alles anescht wéi positiv. D’Kanner an Indien an am Nepal ginn zënter engem Joer net méi an d’Schoul. Fir déi äermsten, déi kee Computer a Smartphone Doheem hunn, heescht dat, dass se aus dem Schoulsystem kippen. An den Dierfer versicht d’Associatioun awer nach weiderhin Aktivitéite mat hinnen z’organiséieren, datt se nach e bëssi Educatioun kréien. Ma negativ Auswierkunge sinn net ze stoppen. “Et huet ee gemierkt, datt elo d’Kanneraarbecht erëm an d’Luucht gaangen ass. Ma och Kannerbestietnesser an d’Violence an de Familljen ass erëm méi heefeg ginn”, betount d’Françoise Binsfeld. Bei der haiteger Situatioun missten d’Kanner besonnesch geschützt ginn.

Zënter dem éischte Lockdown am Mäerz 2020 ass hir Entwécklungsaarbecht awer elo nëmmen nach op Distanz méiglech. Selwer an Indien goe konnten déi Responsabel zanter dem Ufank vun der Pandemie net méi. Virdru sinn d’Mataarbechter vun der Associatioun 1 Mol am Fréijoer an 1 Mol am Hierscht op den Terrain geflunn, fir d’Projeten ze suivéieren, Kontakter mat Partenairen a Beneficiairen ze schléissen a Strategië fir d’Zukunft ze beschléissen. Elo gëtt och an der Entwécklungsaarbecht op Online-Reunioune gesat.
Et wier net einfach an eng immens speziell Situatioun. No Naturkatastrophe konnt ee soss ëmmer direkt op den Terrain goen an de Leit hëllefen. Lo awer, mam Virus, muss ee vun de Leit ewechbleiwen. Datt sech alles iwwer Distanz ofspillt, mécht d’Zesummenaarbecht méi schwiereg. D’Hëllef géing awer elo ëmsou méi gebraucht ginn, wat dann awer och ëmsou méi Motivatioun géing schafen.
Wéi d’Situatioun an Indien aktuell ass, dat weess d’Niharica Raizada, dat hei zu Lëtzebuerg grouss ginn ass. Nieft hirer Fuerschungsaarbecht an der Kardiologie ass si och als Actrice aktiv. Mat dat ass den Ament alles ganz komplizéiert, well si ass grad, wéi déi 2. Well ausgebrach ass, Mëtt Mäerz zréck gaangen. D’Situatioun hei wär de Moment katastrophal, wéi se eis am Interview sot.
Eng ganz Rei Hëllefsorganisatiounen hunn och schonns fir Spenden opgeruff. Nieft “Aide à l’enfance de l’Inde et du Népal” ass och d’Unicef um Terrain a freet no Donen. Detailer fannt Dir um Internetsite vun der jeeweileger Organisatioun.
