
An Éisträich geet an e puer Deeg ee Lockdown fir ongeimpfte Leit un. Wéi de Kanzler Alexander Schallenberg e Freideg zu Innsbruck matgedeelt huet, solle weider Detailer e Sonndeg gekläert ginn.
De geimpfte Leit wier et net zouzemudden, an een neie Lockdown fir all Mënsch ze goen, esou de Politiker vun der konservativer ÖVP. Eréischt de Méindeg hat d’Regierung eng 2G-Reegel fir gastronomesch Ariichtungen, den Tourismussecteur, Evenementer an de Sport agefouert. Do hunn also elo scho just Geimpfter a Leit, déi nees gesond sinn, Zoutrëtt. Zanter Ufank November gëllt op der Aarbechtsplaz ausserdeem eng 2G-Reegel. Net geimpfte Leit mussen also reegelméisseg negativ Testresultater virweise kënnen.
Wéi verschidden éisträichesch Medie mellen, soll de Lockdown vun nächstem Méindeg u gëllen. Ongeimpfte Leit dierften dann och daagsiwwer just nach fir bestëmmte Grënn aus dem Haus. Bis op d’Grondversuergung dierfte si och net méi a Geschäfter. Och kierperno Déngschter, wéi zum Beispill de Besuch beim Coiffeur, wieren dann net méi méiglech.
Déi rezent 2G-Mesuren an d’Menace vun nach méi strenge Reegelen, hunn an de leschten Deeg eng ganz Rei Leit an d’Impfzentre gezunn. Trotzdeem ginn d’Infektiounszuele weider staark erop. De Freideg louche se an Éisträich bei 11.800 bannent grad emol 24 Stonnen, d’Inzidenz läit bei 780.
D’Anhale vum Lockdown géif iwwerdeems mat Stéchprouwe reegelméisseg iwwerpréift ginn, esou de Kanzler.