Am Oktober an de Prisong?Karim Benzema muss sech wéinst Sexvideo-Erpressung veräntweren

RTL Lëtzebuerg
Dëse Prozess kéint dann och op de Choix vum Ballon d'Or Auswierkungen hunn.

Nieft dem Karim Benzema sinn nach véier weider Persounen an de Sexskandal verwéckelt, ënnert anerem de Mathieu Valbuena, deen an tëscht fir Olympiacos Piräus spillt.

Si all musse sech wéinst Erpressung viru Geriicht veräntweren, dat wéinst engem Sextape, dat 2015 opgeholl gouf. De Karim Benzema kéint dowéinst fënnef Joer an de Prisong goen an eng Geldstrof vu 75.000 Euro kréien. Hie soll de Mathieu Valbuena dozou gedränkt hunn, Erpresser ze bezuelen, déi mat der Publikatioun vun engem Sexvideo gedréit hunn. Aktuell ass awer net kloer, ob de Benzema selwer um Prozess wäert deelhuelen, well hien deen Dag an der Champions League am Asaz ass. De Valbuena huet iwwer säin Affekot annoncéiere gelooss, datt hien do wäert sinn.

Nodeem et aktuell scho Kritik um Messi gouf, datt hien de Ballon d’or net dierft kréien, well hien eng rout Kaart wéinst Onsportlechkeet krut, ass et gutt Méiglech, datt dëse Prozess och Auswierkungen op d’Ballon-d’or-Chance fir de Karim Benzema kann hunn.

Back to Top
CIM LOGO