
Aus engem neie Rapport vun der WHO, deen an Zesummenaarbecht mat China realiséiert gouf, geet ervir, datt de Virus héchstwarscheinlech vun enger Fliedermaus op en anert Déier an dunn op de Mënsch iwwerdroe gouf. Dat huet déi US-amerikanesch Presseagence Associated Press e Méindeg de Moie gemellt, där eng virleefeg Versioun vun der Etüd virläit.
Déi lescht Versioun soll wuel an den nächsten Deeg verëffentlecht ginn. Mataarbechter vun der Weltgesondheetsorganisatioun ware vu Januar bis Februar zu Wuhan, wou d’Pandemie virun engem gudde Joer ausgebrach war, fir der Origine vum Virus op de Fong ze goen.
