Nei Corona-ReegelenKeng gratis Schnelltester méi an Däitschland nom 11. Oktober

RTL Lëtzebuerg
Bund a Länder hu sech en Dënschdeg iwwert d'Nodeeler fir net-geimpfte Leit an d'Ophiewe vu gratis Schnelltester beroden.

Bundeskanzlerin a Ministerpresidenten onzefridde mam Impftaux

Den Impftaux läit den Ament bei ronn 60% an Däitschland. Dëst wier gutt, géing allerdéngs nach laang net duergoen, sou de Buergermeeschter vu Berlin op der Pressekonferenz, de Michael Müller.

Et géinge sech ëmmer méi Leit infizéieren, déi net vaccinéiert sinn, huet de Ministerpresident vu Bayern betount. D’Normalitéit géing duerch d’Impfen zeréckkommen, dowéinst nach emol den Appell vun him, fir sech impfen ze loossen. Et wäert een och net op laang Dauer virun der 2G-Debatt fortlafe kënnen, sou nach de Markus Söder.

Keng gratis Tester méi fir Net-Geimpfter

Vum 11. Oktober un ass elo Schluss mat de gratis Schnelltester bei eisen däitschen Noperen. De Bund huet jo zanter Mäerz d’Käschte vun dësen Tester iwwerholl. Wéinst der grousser Offer un Impfunge wier en dauerhaft Iwwerhuele vun de Käschten net néideg, heescht et. Gratis sollen d’Tester just nach bleiwe fir Leit, déi net kënne geimpft ginn oder fir Persounen, wou et keng allgemeng Vaccinatioun-Recommandatioun gëtt. Dës trëfft zum Beispill op schwanger Fraen, Kanner a Jugendlecher ënner 18 Joer zou.

3G-Reegel a Gebitter mat Inzidenz iwwer 35

Donieft gëtt eng 3G-Reegel fir verschidde Beräicher agefouert. Dës soll spéitstens vum 23. August u gëllen. Wien net geimpft ass oder net kierzlech als geheelt gëllt, dee muss sech bei enger Inzidenz vun iwwer 35 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner teste loossen, wann een an e Fitnessstudio goen oder bannen am engem Restaurant iesse wëll. Dat selwecht gëllt fir Hoteller, Veranstaltungen, gréisser sportlech Evenementer, Alters- a Fleegeheemer, Gottesdéngschter a Spideeler.

Den Antigen-Schnelltest dierf dobäi net méi al wéi 24 Stonne sinn. De PCR-Test huet eng Gültegkeet vun 48 Stonnen.

Back to Top
CIM LOGO