Attack op Donald Trump"Keng Plaz an den USA fir politesch Gewalt," esou den Joe Biden

RTL Lëtzebuerg
Weider huet de President Mesuren annoncéiert, fir säi Konkurrent an de Presidentielle besser schützen ze loossen.
Joe Biden um Sonndegowend Lëtzebuerger Zäit
En onofhängege Rapport soll analyséiere wat genee geschitt ass.

Den Joe Biden ass kuerz no 20 Auer virun d’Press getrueden an huet sech un d’amerikanesch Natioun geriicht. Hien huet nach emol ënnerstrach, dass et keng Plaz an den USA gëtt fir politesch Gewalt. “Mir léisen eis Meenungsdivergenzen um Stëmmziedel an net mat Munitioun”, huet et geheescht an doropshin huet de Biden nach betount, hien an den Donald Trump wiere keng Feinden. Et dierft een awer net aus den Ae verléieren, wien ee wier als Amerikaner.

Nach ëmmer hätt ee keng Erkenntnisser iwwer d’Motiv, och wann den Täter identifizéiert gouf. Den amerikanesche President sot, et soll een och elo net ufänken, ze spekuléieren, d’Enquête leeft op Héichdrock.

Den Donald Trump ass Ex-President an huet dofir scho Persouneschutz. Den Joe Biden huet annoncéiert, dass dësen nach verstäerkt gëtt an och fir de Parteidag vun de Republikaner, dee muer ufänkt, géifen zousätzlech Mesurë geholl ginn. Eng weider Annonce war, dass een onofhängege Rapport gemaach gëtt fir genee ze analyséieren, wat geschitt ass. Dëse géif och ëffentlech gemaach ginn.

Op Froe vun der Press huet den US-President net geäntwert an huet no e puer Minutten de Sall verlooss.

RTL-News: Vill Froen op - Wie war den Täter, wat ass bis ewell gewosst a wéi verännert dëst de Walkampf?
RTL-News: Attentat op Trump suergt weltwäit fir Reaktiounen - Premier Frieden reagéiert: Keng Plaz fir politesch Gewalt an eisen Demokratien
RTL-News: Täter identifizéiert - FBI schwätzt vu Mordversuch, Trump gëtt sech kämpferesch

Back to Top
CIM LOGO