
Bei Mënschen, déi trotz enger kompletter Impfung u Corona erkranken, ass d’Warscheinlechkeet Long-Covid ze kréien ëm 50 Prozent méi niddreg wéi bei net-geimpfte Persounen, dat geet aus enger neier Etüd aus Groussbritannien ervir. Déi nei Erkenntnisser berouen op Date vun iwwer 1,2 Milliounen Erwuessener, déi un der Covid Symptom Study deelgeholl hunn, bei där Fräiwëlleger hir Symptomer, Testresultater an Impfunge mat Hëllef vun enger mobiller App registréiert hunn.
D’Etüd liwwert och weider Beweiser, datt d’Impfstoffer vu Pfizer-Biontech, Moderna an AstraZeneca ee wierksame Schutz géint symptomatesch a schwéier Erkrankunge bitt. Vun de bal 1 Millioun Mënschen, déi komplett geimpft waren, hunn 0,2 Prozent eng Infektioun gemellt.
Bei deenen, déi komplett geimpft waren, war d’Warscheinlechkeet, datt si asymptomatesch waren, knapp duebel esou héich wéi bei deenen, déi infizéiert an net geimpft waren.
D’Warscheinlechkeet, an d’Klinick ageliwwert ze ginn, war an der Grupp vun de komplett geimpfte Persounen ëm 73 Prozent méi niddreg wéi an der Grupp vun den Infizéierten an Net-Geimpften.
