Ass en Enn vum Ukrainkrich a Siicht?Konstruktiv Gespréicher zu Genf, europäesch 24-Punkte-Géigepropos um Dësch

Maxime Gillen
An der Schwäiz sinn e Sonndeg héich Vertrieder vun der Ukrain mam US-Ausseminister Marco Rubio fir Gespréicher zesummekomm. Dee weist sech "optiminstesch".
© Fabrice COFFRINI / AFP

Diskutéiert gouf den US-Friddensplang, fir de russesche Krich an der Ukrain kënnen op en Enn ze bréngen. An engem éischten Tëschebilan schwätze béid Säite vu konstruktive Gespréicher, och wann et nach vill ze kläre géif, sou de Rubio op enger gemeinsamer Pressekonferenz mam ukrainesche Verhandlungsleader Andrij Jermak. D’Differenzen zu Russland soll verréngert an eng Léisung ausgeschafft ginn, mat där souwuel d’Ukrain wéi och d’Vereenegt Staaten zefridde wieren.

“D‘Crux un dëser diplomatescher Situatioun wier, datt Russland a Russland eleng dëse Krich ugefaangen hätt.” An engem Message op de soziale Medie schreift den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, wéi wichteg et ass, dëse Krich anstänneg op en Enn ze bréngen. Russland géif en immens brutale Krich, esouwuel géint Zaldoten, wéi och géint Ziviliste féieren a géif sech behuelen, wéi wann et d‘Recht hätt aner Länner z‘iwwerfalen. Dofir géif de russesche President Putin och Honnertdausende vu sengen eegene Leit afferen. Weider seet de Selenskyj den USA an Europa an allen aneren Ënnerstëtzer Merci fir hir Hëllef.

Virdrun hat den US-President Donald Trump sech iwwert e Manktem un Dankbarkeet vun der Ukrain beklot. An hien huet Europa reprochéiert, responsabel dofir ze sinn, datt dëse Krich esou laang dauert. Ëmmerhin géif Europa nach ëmmer Pëtrol a Russland kafen an domat indirekt de russesche Krich matfinanzéieren.

Géigepropos vun Europa

D’EU mécht hirersäits Drock op d’USA, fir hire Plang fir en Enn vum Ukrainkrich ze verbesseren – an zwar esou, datt en däitlech méi pro-Kiew ausfält. Den “The Telegraph” behaapt, den europäeschen Entworf gesinn ze hunn an huet eng deementspriechend Oplëschtung verëffentlecht.

Am Géigesaz zum amerikanesche Plang setzt Europa méi staark op d’Interessë vun der Ukrain. D’Dokument enthält 24 Punkten, déi eng europäesch Strategie fir Fridden definéieren.

Back to Top
CIM LOGO