
Wëssenschaftler vun der Technescher Universitéit München, vum Helmholtz Zentrum München, dem Universitätsklinikum Erlangen an dem Universitätsklinikum Köln hu fir dës Etüd d’Immunreaktioun vu 500 Persounen ënnersicht an d’Resultater am Fachmagazin “The Lancet Infectious Diseases” verëffentlecht.
Bei der Kräizimpfung hätten d’Testpersoune méi Antikierper entwéckelt, bericht den Helmholtz Zentrum München e Freideg. D’Immunreaktioun wier deemno op d’mannst genausou gutt no enger Impfung mat AstraZeneca a Biontech/Pfizer wéi no 2 Impfunge mat engem mRNA-Wierkstoff.
An Däitschland recommandéiert d’Ständige Impfkommission (Stiko) zanter e puer Wochen, dass Leit ënner 60 Joer, déi als éischt eng Piqûre mat AstraZeneca kruten, eng zweete Kéier mat engem mRNA-Impfstoff geimpft ginn.
