
De laangjärege Konflikt tëschent China an Taiwan kéint sech weider verschäerfen. Et gëtt gefaart, dass China d’Reunifikatioun mat Taiwan elo militäresch kéint duerchsetzen.
De Krich tëschent der Ukrain a Russland huet net nëmme Länner am Westen an Aläerte versat, ma och an Asien ass ee besuergt. Et gi Parallelle gezunn tëschent der Situatioun an der Ukrain a méigleche Repercussiounen op Taiwan notamment. Taiwan ass a sengem Fonctionement zwar de facto e Land, ma China gesäit d’Insel als Deel vum Festland. Dëse muss reintegréiert ginn, wann néideg mat Gewalt, esou de chineesesche President Xi Jiping. D’Reaktiounen op d’Kris an der Ukrain, grad vun den USA, kéinte China dozou animéieren, méi konkret Mesuren ze huelen. Schonns zanter Méint fléien ëmmer erëm chineesesch Krichsfligeren an déi taiwanesch Loftiwwerwaachungszone.
D’Situatioun vun der Ukrain a vun Taiwan ass awer just schwéier ze vergläichen. Och wann Taiwan nëmme vu wéinege Länner op der Welt als Staat unerkannt ass, esou ass d’Land wichteg fir d’Stabilitéit an der ganzer pazifescher Regioun. Duerch seng geographesch Lag, just virun der chineesescher Küst ass Taiwan geopolitesch a militärstrategesch relevant fir d’USA. Och wirtschaftlech ass d’Land eng Schlësselfigur an der globaler Liwwerketten, dat notamment an der Halbleiter- a Computerchip- Industrie. Ronn 92% vun de Produktiounskapazitéiten an deem Beräich sinn an Taiwan. Entspriechend gutt sinn d’Relatiounen tëschent Taiwan an den USA.
D’Ukrain ass fir d’USA strategesch manner relevant an esou huet den amerikanesche President Joe Biden och schonns kloer gemaach, dass d’USA net mat Truppe géif an der Ukrain intervenéieren. Fir d’Taiwan gëtt et do keng konkret Ausso. Et kann een awer dovunner ausgoen, dass d’USA méi gewëllt wieren, ze intervenéieren, sollt China Taiwan attackéieren. D’USA verkeeft Waffen un d’Land, huet Schëffer a Fligeren an der Regioun a gesäit Taiwan eben als Schlësselpositioun an der Regioun fir hir Positioun géint China ze stäerken.
Taiwan selwer gesäit d’Kris an der Ukrain mat Suerg an esou huet déi taiwanesch Presidentin Tsai Ing-wen en Aarbechtskommissioun gegrënnt mam Optrag, d’Situatioun ze iwwerwaachen an eventuell Repercussiounen ze antizipéieren. Et wëll ee wëssen, wéi sech d’Kris kéint op de laangjärege Konflikt mat China auswierke kéint. Nieft den Auswierkungen op den Handel an d’Finanzmäert, solle virun allem Ännerungen an de chineesesche Mouvementer an der Meeresenge vun Taiwan iwwerwaacht ginn. Och d’Verbreedung vun Desinformatioun soll verhënnert ginn.
Taiwan ënnerstëtzt och déi international Communautéit an hire Reaktiounen op d’Kris. D’Land wäert sech un den internationale Sanktioune géint Russland bedeelegen. Exporter vun Halbleiter, Computerchipen an anere wichtegen Technologië wäerte betraff sinn.
